top of page

Liewen an der Arktis: Wa Spruddelwaasser zum Luxus gëtt

Merci un moien.lu (Shari Pleimelding) fir dese spannenden Artikel iwwert Presidentin vun polar.lu. : https://moien.lu/liewen-der-arktis-tania-giberyen/

Eigentlech hat d’Tania Gibéryen zu Lëtzebuerg Alles wouvun een dreeme konnt: Eng Wunneng, een Auto, Famill a Frënn, den Job als Eko-Prof, et war 1 Schäffin an der Gemeng Fréiseng . Trotzdeem huet hatt genau um 30. Gebuertsdag déi éischter irrational Decisioun getraff senger Faszinatioun nozegoen an esou Richtung Arktis ze reesen.

Et war emol keen Dag viru senger Gebuertsdagsfeier, wou d’Tania Giberyen, wat sech mëttlerweil zu Lëtzebuerg als Présidentin vun polar.lu – Luxembourg’s Polar Program a mat SILA – think outside a sengem Zero-Waste-Denken een Numm gemaach huet, déi positiv Äntwert vun der Universitéit Laval zu Québec kritt huet fir den Doktorat an der Polar-Fuerschung unzegoen. Knapp fënnef Woche méi spéit souz hatt schonns am Fliger a Richtung Kanada.

An der Arktis beweegt ee sech vill mat klenge Probellermaschinne fort. Och dorunner misst d’Tania sech emol gewinnen. © Tania Giberyen

An der Arktis beweegt ee sech vill mat klenge Probellermaschinne fort. Och dorunner misst d’Tania sech emol gewinnen. ©

Fir et iwwerflächlech ze erklären huet dës couragéiert Fra sech op der anerer Säit vum Atlanteschen Ozean mat der Landesplanung, sou wéi kulturell Geografie befaasst. Duerch de Beräich Ëmwelt ass hatt schliisslech zur Polarfuerschung komm, wouduerch d’Tania ëmmer erëm phaseweis an d’Arktis gereest ass an och do gewunnt huet. Hei si beispillsweis d’Verännerunge vum Buedem duerch de Klimawiessel ënnersicht ginn a wéi sech d’Landesplanung an Zukunft dorunner upasse muss.

Ee klenge grousse Kulturschock

D’Arktis ass ee Gebitt, wou et haut nach vill Inuit- Jeeër gëtt, wouduerch ee sech emol dru gewinne misst, datt hei d’Leit all ee Juegdgewier hunn a se souguer an de klenge Probellermaschinnen mat op d’Rees huelen. Schliisslech ass d’Juegd fir d’Inuit-Famillen eng vun de wichtegste Quellen, fir ze iwwerliewen. Et sollt een awer och bedenken, datt an dëser Géigend ee Gewier noutwendeg ass, als Schutz virum Äisbier.

Donieft muss een awer och bedenken, datt dësen nërdlechen Deel, dee mir eis ganz a Wäiss mat klenge Polarfiissercher virstellen, guer net esou romantesch ass, wéi et am Fernseh gewise gëtt. Och d’Famill, bei der d’Tania wärend sengen Expeditioune gewunnt huet, hunn bei Reportagen op der Televisioun ëmmer erëm erkläert, datt dës Documentairen net der Wourecht entspriechen, sou datt beispillsweis d’Verhale vun den Déiere falsch vermëttelt gëtt.

Ee klengen Abléck an d’Liewen an der Arktis. Jo, och fir säin Iessen muss een hei selwer suergen! © Tania Gibéryen, Caroline Desbiens

Et dierf een awer net vergiessen, datt d’Mënschen an der Arktis am Rhythmus mat der Natur a virun allem mam Wierder, wat engem oft ee Strich duerch d’Rechnung mëscht, sinn, wouduerch net den übleche Stress opkënnt, wéi mir en aus Lëtzebuerg kennen. D’Leit sinn onkomplizéiert an trotz dem rouege Liewensstil gëtt all Aarbecht erleedegt – a wann net elo, dann eben e bësse méi spéit. Genau an dëse Rhythmus huet d’Tania fir d’éischt missen erakommen. Dëse Kulturschock funktionéiert awer a béid Weeër, sou datt hatt och eng Ëmgewinnungsphas braucht, wann hat nees zeréck a seng Heemescht geflunn ass. An andeems d’Polarfuerscherin déi positiv Aspekter vu béide Kulture kombinéiert, kënnt hatt als iwweraus häerzlech a sympathesch Fra eriwwer!

Am Eeklang mat der Natur

Duerch d’Liewen an der Arktis huet d’Tania Gibéryen sech och missen un d’Reduktioun vum Konsum gewinnen. Op der enger Säit waren d’Präisser vum Liewensënnerhalt extrem héich, op der anerer Säit gouf et verschidde Wuere just zu bestëmmten Zäiten oder einfach guer net. Doduerch ass beispillsweis einfacht Spruddelwaasser zu engem Luxusproduit ginn, wéi bei eis de Schampes. Dës Situatioun huet mat sech bruecht, datt d’Tania ugefaangen huet verschidde Saache selwer hierzestellen, ze kucke wat ee wierklech braucht a wéi ee sech uleeë muss, fir esou nohalteg an net-verschwenderesch ze si wéi méiglech. Esou huet hatt schliisslech de Zero-Waste-Liewensstil quasi perfektionéiert a konnt souguer d’Dreckskëscht an der Heemescht ofbestellen.

Amplaz deier Liewensmëttel anzekafe këmmert ee sech hei einfach selwer drëm! © Caroline Desbiens

Duerch d’Kultur an d’Traditioun vun den Inuit wësse si prezis a schnell, wéi ee sech an der Natur uleeën muss, fir ze iwwerliewen. Esou erkläert d’Polarfuerscherin beispillsweis, datt hatt op enger Expeditioun op eng kleng Insel sollt Holz siche goen, fir esou ee Feier ze maachen an Téi kachen ze kënnen. Wat als éischt wéi ee Witz eriwwer komm ass, huet sech fir hatt schnell als Schwieregkeet erausgestallt. Schliisslech war wäit a breet kee gutt Brennholz ze gesinn. D’Kanner wusste sech awer ze hëllefen, an hunn, duerch hiert Wëssen zur Stréimung, einfach Dreifholz op der Plage gesammelt.

Eng weider spannend Geschicht, déi d’Tania eis erzielt huet, ass déi vum Autostopp, wat dohanne problemlos méiglech ass. Bei engem Ausfluch dobaussen hätt hatt nämlech bei engem Blizzard eng Bréck mat immens vill Äis iwwerwanne missen, ouni dobäi an d’Schlucht erofzefalen. Glécklecherweis ass beim Autostopp ee Gefier stoe bliwwen – et war d’Police! D’Beamten hate kee Problem domat, déi jonk Fra bei dësem Wierder ee Stéck matzehuelen, an esou duerft hatt op der Réckbänk, direkt op de Gewierer, Plaz huelen.

Divers Verännerungen

Ouni grouss an den Detail ze goen, konnten divers markant Resultater wärend dem Tania Zäit an der Arktis gesammelt ginn. Vun 2008 bis 2015 war hatt ëmmer phaseweis an der Polarregioun ënnerwee, woubäi déi lescht Phas 1,5 Joer gedauert huet – eng laang Zäit, an der een och vill matkréie konnt.

E neien Besch wiisst © Christina N.

Souwuel d’Loft-, wéi och d’Buedemtemperatur klammen. Doduerch schmëlzt d’Äis éischter. Esou konnten zum Beispill Fuerscherkollegen aus der Biologie beispillsweis un de Réng vun de Beem feststellen, datt si duerch d’Hausse vun der Temperatur méi schnell wuessen. Un der Grenz vun der Tundra huet donieft eng eenheemesch Fra hinnen Beem vun enger maximaler Héicht vun 1,5 Meter gewisen, déi virun 20 Joer nach net an dëser Regioun existéiert hunn. Een neie Bësch, deen also un der Baamgrenz am gaangen ass ze wuessen!

©

De Polarfuuss © Tania Gibéryen

Och d’Fauna verännert sech. Esou ass säit kuerzem de Roude Fuuss an der Arktis unzetreffen. Wat fir déi meescht vun eis elo schéi kléngt, bréngt uerg Konsequenze mat sech. De Polarfuuss, den an der Arktis heemesch ass, gëtt nämlech vu sengem Aartgenosse verdrängt.

Fir d’Tania Gibéryen ass mat dëse Fuerschungsreesen an der couragéiser Entscheedung een neie Liewensofschnëtt unzefänken een Dram an Erfëllung gaangen, aus deem hatt divers Erfarunge matgeholl huet. Trotzdeem muss hat zouginn, datt et schwéier ass, d’Liewen dohannen ze resuméieren, wann ee selwer ni do war, well et einfach – natierlech am positive Sënn – esou aanescht ass. Wéi wier et also, emol déi kal Géigend als nächst Destinatioun auszewielen?

Categories

Archive

bottom of page