43. AIW KONFERENZ ZU LËTZEBUERG
All Joers organiséiert den AIW (American Indian Workshop) seng wëssenschaftlech Konferenz an enger anerer europäescher Stad, fir kënnen iwwert hier rezentste Recherchen iwwert Nord Amerikanesch Indianesch Kulturen ze diskutéieren.
Déi 43. Editioun, vum 01-04. Juni, gouf dëst Joer vum polar.lu op der Universitéit Lëtzebuerg organiséiert, an Zesummenaarbecht mat dem Institut Grand-Ducal - Section Linguistique, Ethnologique, Onomastique.
D’Thema fir d’Joer 2022 war Northern Perspectives, Native Americans in WW II and Current Research. et goufen vill spannend wëssentschaftlech Virträg iwwert indigène Awunner vun Nordamerika an aus der Arktis.
An senger Erëffnungsried huet den Dr. Harald Prins iwwert Native American Zaldoten am 2. Weltkrich zu a ronderëm Lëtzebuerg geschwat. D‘Gedenksteng fir d‘Native American Zaldoten an der Regioun vun der Ardennenoffensiv so wéi eng Visitt um Amerikaneschen Kierfecht zu Hamm, konnten Participanten den leschten Dag, op engem vu polar.lu organiséierten Tour mam Bus, besichen.
Opmerkingen