Awéihung a Präsenz vum Bildungsminister
Am flotte Kader vum Lycée Josy Barthel Mamer, huet de Bildungsminister Claude Meisch d'Ausstellung Nanoq - Imag(in)ing Climate Change de 14. Juni ageweit. Des Wanderausstellung déi den SCRIPT, a Kollaboratioun mat polar.lu, bis Enn des Joers duerch ons Lycée'en weist, begleet en Miniature-Äisbier op senger Rees duerch Arktis hin zu neien Horizonter, well seng Heemecht, d'Banquise, duerch de Klimawiessel ewechschmëlzt.
Déi finnesch Fuerscherin a Fotografin, Ilona Mettiäinen, knipst zënter 2011 hire klengen Äisbier wärend hire Fuerschungsopenthalter an der Arktis an op verschiddene Reesen, fir esou duerch des queeschdengent Ausstellung zum Nodenken unzereegen.
D'Ausstellung ass nach bis de 15. Juli am Lycée Josy Barthel Mamer ze gesinn, ir se dann no enger Summerpaus weider an de Sportslycée zitt.
Comments