Dustbuster
Des Woch hunn Dustbuster Workshops am Lycée Hubert Clément zu Esch (LHCE) stattfonnt. 4 Klassen haaten Gelegenheet mam Polarfuerscher Charel Wohl iwwert seng Expéditiounen op Äisbriecher duerch Arktis an den Southern Ocean (Antarktis) ze diskutéieren an unhand vun Experimenter ze léieren waat de Charel an desen kaalen Géigenden erfuerscht. Si sinn och duerch Esch gangen an hun Loftverschmotzung gemoos.
Sidd dir interesséiert méi heidriwwer gewuer ze ginn, dann kommt den Méinden 11. November Owes um 20:00 an den Lycée Hubert Clément op Esch. Hei waert de Charel Wohl eng Virliesung iwwert seng Recherchen an Aventuren haalen, an Schüler wärten hier Aarbechten aus deser Woch firstellen. Schüler wärten Iech och déi Experimenter weisen matt deenen si sech des Woch auserneen gesaat hunn. Klikkt hei fir Iech unzemellen an är Platz ze reservéieren, den Entrée ass gratis !
Dese Projet gett vum Fonds National de la Recherche duerch e PSP Classic ënnerstetzt. Mir soen hinnen an dem LHCE villmools merci !
Comments