Invitatioun
Präisiwwerreechung a Vernissage
am Sportlycée
den 20. September um 18:00 Auer.
A Präsenz vum Här Minister Claude Meisch ginn dëst Joer d’Prix d’excellence an d’Präisser fir Élèves méritants a Sportifs méritants iwwerreecht.
Am selwechte Kader gëtt och d’Ausstellung Nanoq - Imag(in)ing Climate Change vun der Finnin Ilona Mettiäinen ageweit. D’Photoplay-Ausstellung ass bis den 3. Oktober am Sportlycée ze gesinn.
Wéi gewinnt gëtt et duerno e Patt an Häppercher am gemittleche Kader vun onsem Hall d’entrée.
Mellt Iech wgl. op secretariat@sportlycee.lu un.
![](https://static.wixstatic.com/media/118868_39c9ab78a3124b5989a20550b4572853~mv2.png/v1/fill/w_980,h_1305,al_c,q_90,usm_0.66_1.00_0.01,enc_avif,quality_auto/118868_39c9ab78a3124b5989a20550b4572853~mv2.png)
Comments