Science Festival 2019
Et war e laangen a flotte Weekend um Science Festival am Naturmusée!
Mir soen deene ville Klassen, Besicher, Kanner an Eltere Merci, déi bei eis bis laanscht kommt sinn!
Bei konnt dir eppes iwwer Salzwaasser a Séisswaasser an den arktesche Mierer léieren. Zousätzlech dozou hu mer mat Salz gemoolt a gesi wei een Effekt Salz op Waasser (an d'Faarwen!) huet.
E groussen Highlight war och eis Survival-Ausrëschtung - hei konnten sech d'Besicher eng Abléck verschaffen, wat een als Arktisfuerscher alles esou brauch fir an der Keelt ze liewen an ze fuerschen.
![(c) Christian Lamy, 2019](https://static.wixstatic.com/media/118868_0896e05c2a1a40d19cae871d8d36ffca~mv2.jpg/v1/fill/w_960,h_720,al_c,q_85,enc_avif,quality_auto/118868_0896e05c2a1a40d19cae871d8d36ffca~mv2.jpg)
![](https://static.wixstatic.com/media/118868_478bc7af4f1f45a48871cfa2d5c5ac18~mv2.png/v1/fill/w_258,h_196,al_c,q_85,enc_avif,quality_auto/118868_478bc7af4f1f45a48871cfa2d5c5ac18~mv2.png)
Comments